Catering
Shop
D’ Iddi ass einfach, jo esou simpel wéi déi defteg Gerichter vun deemols, déi eis Bomi esou gudd gekacht huet wéi soss keen. Et sinn d’Rezepter aus der Zäit mat deenen Kniddelbox sech op eng modern Art a Weis beschäftegt. Mir liwweren Iech d’kulinaresch Highlights vum Ländchen heem oder op de Büro.

D’Bestellung leeft bequem iwwert den Internet, Dir braucht also net laang um Telefon ze waarden. Ausserdeem bidde mir och nach aner Formulen u fir all déi Fester déi Dir wëllt doheem oder an enger Salle polyvalente feieren. Mir maachen traditionnelle Catering a Forme vu Buffet a Fingerfood fir all Zorte vu Receptiounen. Fir nach méi ‘select’ Owender hu mir och d’Optioun vum ‘Chef à domicile’. De Chef preparéiert an Ärer Kichen e perfekten Dinner fir 10 bis 20 Leit.

Bei all eise Produkter leeë mir immens vill Wärt op Qualitéit a mir preparéieren all eis ‘Boxen’ a Buffet’en mat frëscher Wuer. Kniddelbox as eng kleng Struktur an dofir musse mir eis bei der Liwwerung vun de ‘Boxen’ leider op verschidde Gemenge limitéieren. Catering maachen mir awer uechtert d’ganz Land.

Ech proposéieren Iech einfach emol an de Shop eran ze luussen oder eis ze kontaktéieren wann Dir Froen zu engem Event hutt; respektiv un engem Devis interesséiert sidd.

Mir freën eis op Iech – Pascale Schmit, am Numm vum ganzen Kniddelbox-Team.